Den Nossknacker

Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker.

Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a 7 Folgen de Liewensraum Bësch, entdecken wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen a knacken an all Episod e puer Nëss!

De Projet ass ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale

Den Nossknacker

Latest episodes

Champignonen

More episodes

All episodes
7 min

Doutholz

Firwat ass den Dout esou wichteg fir eis Bëscher?

De Leon fënnt en doudege Bam a léiert, dass d'Enn och en Ufank ka sinn.

9 min

D'Wëllschwäin

Wéi funktionéiert eng Wëllschwäifamill?

De Leon huet zwar Angscht viru Wëllschwäin, mee wëll méi gewuer ginn iwwer de Bauer vum Bësch a seng Famill.

5 min

De Maarkollef

Wéi fënnt de Maarkollef seng Nëss erëm?

De Leon léiert haut, dass de Maarkollef all Joers Dausende vun Eeche planzt an dat ouni et ze wëssen!

8 min

De Spiecht

Tock-Tock-Tock! De Leon héiert e komescht Geräisch a freet sech: firwat kritt de Spiecht eigentlech kee Kappwéi?